LUXEMBOURG – ONS HEEMECHT

Nom de l’auteur : FX

À propos :

Partager ce chant :

Partager sur facebook
Facebook
Partager sur twitter
Twitter
Partager sur pinterest
Pinterest
Partager sur linkedin
LinkedIn

Paroles :

Wou d’Uelzécht durech d’Wisen zéit,

duerch d’Fielsen d’Sauer brécht,

Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit,

den Himmel Wäin ons mécht –

dat as onst Land, fir dat mer géif

hei nidden alles won.

|: Onst Heemechtsland, dat mir so déif

An onsen Hierzer dron. 😐

An sengem donkle Bëscherkranz,

Vum Fridde stëll bewaacht,

Sou ouni Pronk an deire Glanz

Gemittlech léif et laacht;

Säi Vollek frou sech soë kann,

An ‘t si keng eidel Dreem:

|: Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,

wéi as ‘t sou gutt doheem! 😐

Gesank, Gesank vu Bierg an Dall

Der Äerd, déi äis gedron;

D’Léift huet en treie Widderhall

a jidder Broscht gedon;

Fir d’Heemecht ass keng Weis ze schéin;

all Wuert, dat vun er klénkt,

|: gräift äis an d’ Séil wéi Himmelstéin

an d’A wéi Feier blénkt. 😐

O Du do uewen, deem seng Hand

duerch d’Welt d’Natioune leet,

Behitt Du d’Lëtzebuerger Land

vru friemem Joch a Leed!

Du hues ons all als Kanner schonn

de fräie Geescht jo ginn.

|: Looss virublénken d’Fräiheetssonn,

déi mir so laang gesinn! 😐

Suivez-nous sur les réseaux sociaux

Les plus vus

Je veux recevoir les nouveaux chants dans mes emails

Je m'inscris à la newsletter

Aucun spam, juste des chants

Chants similaires